Mir sin och um Facebook

Changer la langue

Den Verein

"Dei Lampecher Fliichteschësser" sin 1984 gegrënnt gin. D'Ziel wor Jonk an Aal aus dem Duerf zesummen ze brengen an d'Duerfliewen ze erhaalen an ze förderen.

Den Verein huet all Joër en prall gefëllten Manifestatiounskalenner.
D'Haerzsteck vun engem normalen "Fliichteschësser Joër" ass d'Lampecher Kiirmes (emmer den Weekend nom 15ten August), bei daer en Groussdeel vun den Lampecher Awunner, awer och e puer Awunner aus deenen aaneren Dierfer vun der Gemeng hëllefen. Hei gett ausser dem traditionellen Kiermesbal an dem Kiermesiessen, een oofwiesslungsreichen Programm ugebueden: Spillwiss fir d'Kanner, "Streikicker"-Turneier, Open-Airkino oder Koncert etc. um Viirowend an nach vill mei.

Aaner traditionell Rendez-vous'en vun den "Lampecher Fliichteschësser" sin d'Buergbrennen an den Maconsowend, bei deem een Wäiner aus der Emgeigend vun Macon matt engem gudden Keis- oder Fleeschplateau schmaachen kann.

Vun Zeit zu Zeit huelen d'Fliichteschësser sech besonnesch vill viir: daat beschtbekannten Maislabyrinth gouf bis elo schons 4 mol , zulescht 2010 op engem 7ha groussen Feld, ugeluecht. Während 2 Meint konnten sech eng grouss Unzuel vun Leit un dëser eemoleger Attraktioun erfreen.

Den Fliichteschësser hiert Vereinshaus "A Millesch" gett och gebraucht fir hieren Memberen eng Abberzuel un Freitzeitaktiviteiten, wei Danz-, Yoga-, Kach- an Computercouren an ausserdeem och nach Bastelcouren matt Blummen an Filz unzebidden.

D'Memberen vun den Fliichteschësser hun zudem nach d'Meiglechkeet d'Vereinhaus fir privat Feieren ze lounen.

Ganz stolz ass den Verein och op hier ganz aktiv an dynamesch Jugend, dei nët nëmmen bei den traditionellen Aktiviteiten kräfteg zur Hand geet,mee selwer och hier egen Evenementer, wei eng Particiatioun op den Kavalkaden matt engem egenen Wohn oder en Kannfuesbal, organseiert.

joomla template 1.6