Mir sin och um Facebook

Changer la langue

Eist Duerf

Am Joër 1267 gouf eist Duerf "Limbach" genannt. 1535 ass doraus "Lambach" gin. D'Hären vun Limpach woren en aalt lëtzuergescht Rittergeschlecht. 1267 heiren mir vun engem Ritter Bartholomäus von Limpach an senger Fra Margaretha. 1272 gëtt en Paschtouer Heinrich von Limpach ernimmt. D'Poar Lampech trëtt 1289 an "Erscheinung". En Tilman von Luxemburg, Paschtouer zu Lampech, krut den 26. September 1326 vum Popst Johann XXII en Kanonikat un der Pauluskiirch zu Lëck. Den 20. Dezember 1339 gëtt den Ritter Philipp von Limpach ernimmt, den 13. Dezember 1350 wor en Zeien beim Verkaaf vun Sprënkëng. D'Härengeschlecht vun Lampech ass am 15. Joërhonnert verschwonnen.

 

Seit dem 25. Mai 1468 sin d'Lännereien vun Lampech vun der Herrschaft vun Ottingen (Lorraine) oofhängeg. Den 14. August 1522 nennt sech den Jacques de Mercy "Herr von Limpach".

Dun ass Lampech un d'Hären vun Ouren an Tavigny gaang. 1630 huet den Hans Karl von Ouren, Herr zu Tavigny, d' "Hochgerichtsrechte" vun Lampech, Schuller, Sprëngkëng an dem Aresdorfer Haff, vum Kinnek Karl vun Spuenien, fir 3205 Karolusgulden oofkaaf. Dono koum Lampech un d'Hären vun Dobbelstein. 1708 goung et als Pfand un d'Hären vun Geisen. Den 2. März 1779 gouf dann d'Herrschaft vun Lampech an enger öffentlecher Versteigerung vum Karl Jakob de Geisen fir 18500 Taler gesteet. Dozu hun en Haff an eng Millen zu Schuller an en Haff zu Sprëenkëeng geheiert. D'Herrschaft vun Lampech huet zur "Richterei" Kënzeg geheiert, sie selwer haaten just d'Grond- an Mëttelsrecht.

 

 

 

 

JoomSpirit