Déi "Lampecher Fliichteschësser" organiséieren ab dem Joer 2019 hier eegen IVV Wanderung.

Eng Hand voll Memberen hunn 2015 beschloss un IVV Wanderungen deel ze huelen. No an no si weider Leit dobäi komm an d'Iddie ass op komm fir als Fliichteschësser eng eege Marche ze organiséieren.

2018 si mir dunn offiziell an der FLMP als Wanderveräin ungeholl ginn. Am Joer 2019 organiséiere mir eis éischt Marche duerch eis schéint Natur zu Lampech an Ëmgéigend. Mat Strecke vu 5km bis 20km ass fir jiddereen eppes dobäi.

D'Wanderung zu Lampech fënnt Päischtsonndeg statt. Weider Informatioune fannt der ënnert den Aktivitéiten.

Wann dir wëllt Member ginn oder weider Informatioune braucht da schréiwt eis Noriicht.

Informatiounen zu den IVV Wanderunge fannt der op dëser Säit: www.flmp.lu