Den Numm 'Fliichteschësser' ass e Spottnumm, deen déi Lampecher kritt hun, wéi hei nach gewiëwt gin ass. An där Zäit ass hei Fluës ugebaut gin. De Fluës ass da geschnidde gin, an d'Fluëshällem sin an d'Waasser geluegt gin fir se kënnen opzeschloen an esou, laang Fiëdem (Fliichten) domat ze spannen.

Waren déi Fliichten awer ze naass oder ze drëchen, sou sin se gerass, an d'Fliichte ware verschass!

Dass dun aus dem Fliichteverschësser een 'Fliichteschësser' gin ass, dat louch un deene Leit, déi déi Lampecher mat dësem Spottnumm wollte rose maachen.